Kontakt            

Club Beschreiwung

Eisen Club gouf am März 2007 vun enger Grupp passionneierten Fordliebhaber gegrennt, enner der Viraussetzung all interesseiert Fuehrer vun aalen oder neien Ford-Autoen ze vereenen. Mir sammelen, erhaalen, restaureieren an fuehren selbstverständlech Autoen vun der Mark Ford an alles waat mat der Mark Ford ze din huet.

Den Club ass enner der Bezeechnung „Association sans but lucratif“ agedroen an gett no den bestehenden Gesetzer gefouert. Eis Memberen hun d’Meiglechkeet enner aanerem sech ze begeinen an sech un selwer organiseierten oder auslänneschen Veranstaltungen ze bedeelegen.

Hei puer Beispiller:
Besichen vun nationalen an internationalen Ausstellungen, Museen an Garagen
Besuch an Organisatioun vun in- an auslänneschen internationalen Treffen
Pfleegen vun Kontakter mat letzebuerger an auslänneschen Ford-Club’s
Organisatioun vun clubinternen Aktiviteiten
Regelmeisseg gemittlech Versammlungen an eisem Stammcafé „Beim Silo“ zu Miersch

D’Ford-Frenn Letzebuerg sin vun Ford mat Setz zu Köln als Club offiziell unerkannt.
Den Club ass ebenfalls Member an der Letzebuerger Oldtimerfederatioun, LOF asbl genannt.

Mir kennen och mat der Ennerstetzung vum Ford Garage Wengler aus Ettelbreck rechnen an gin och vun interessanten Betrieber an Leit ennerstetzt respektiv gesponsort, wouvunner eis aktiv Memberen och kennen profiteieren.

Jiddereen den sech vum Club ugesprach fillt, kenn aktiven Member gin, andem hien per E-Mail Kontakt mat ons ophellt oder den Kontaktformular op deser Homepage ausfellt.

Eisen Memberen gin all Informatiounen iwer Veranstaltungen am In- an Ausland, Aktiviteiten vun eisem an vun aaneren Club’s oder News vun Ford, per E-Mail oder Post zougestallt.

z.B. Ford Club Service

Dei aktiv Memberschaft kascht 25€ d’Joer.
Famillienmemberen bezuelen 10€ d’Joer an erhaalen dobai dei passiv Memberschaft.

Deijeineg dei eis finanziell ennerstetzen wellen, kennen daat mat enger Iwerweisung op den Spuerkeesskonto LU85 0019 2455 6437 5000 maan. Mir soen merci am viraus.

All Ford-Fuehrer oder Fuehrerin ass bei eis härzlech wellkomm, sief aus Letzebuerg oder aus der Groussregioun.

Sidd all härzlech Wellkomm!

Den Comité


Zeréck
Sponsors:


Clubs:

Total: 200880 - Haut: 160 - Geschter: 4
© Copyright Ford-Frenn Letzebuerg ©